|
|
Renovéieren: wäertvolles erhalten, dat wat do ass opwäerten

"„Opwäerten“:
Är Fassad bräicht eng zousätzlech Protektioun fir d’Wäermt oder en
neien Ustrach, nei Diere sollen déi al,ausgeleiert ersetzen,
d’Buedzëmmer misst renovéiert ginn a méi kammoud ageriicht ginn.
Nei Iddie sollen an d’Grondkonzept erafléissen.
Des an aner Ëmbauprojete sinn zënter ville Joeren eis Spezialitéit.
Des individuell Planung an Zesummenaarbecht mat eise vertraute Partner kéint sou ausgesinn:
- Mir kucken eis Äre Bauobjet un
- Mir schwätze mat Iech iwwer Äre „Programm“ an och iwwer dee geplangte Käschtebudget
- Falls de Programm An d’Käschten iwwerenee stëmmen, schaffe mir op der Plaz selwer un der kompletter Dimensioun.
- En entspriechende Virvertrag oder Pré-Contract regelt déi
Zesummenaarbecht déi an Ausiicht ass an ass d’Basis fir déi
erfuerderlech Virplanung.
- Eis Techniker, Architeckten a Statiker schaffen un engem ausféierleche Vir-Projet.
- Mir stellen eng komplett Offer op fir Ären ausgeräiften Entwuerf, iwwer dee mir mat Iech geschwat hunn.
- Bau-Demande, Statikerbeweiser an all erfuerderlech Formalitéite
gehéieren zum LEUFGEN-Full-Service, dee mir an engem ausféierleche
Vertrag mat Iech festleeën..
- Ausféierungspläng, Terminpläng a Projetsleedung sinn déi nächst
Schrëtt, éiert den Ëmbau-Projet op der Plaz selwer säi konkrete Laf
hëllt.
Honnerte vun Ëmbaute sinn an eiser méi wéi 50 järeger Aarbecht als
Bauentreprise zou deene verschiddensten Themen a Budgeten ëmgesat ginn..
Am Kapitel BAU-PROJETEN weise mir Iech eng kleng Auswiel vun eise Realiséierungen.
Wann Dir onverbindlech méi iwwer eis an eis speziell Bauaarbecht am private Beräich wësse wëllt, da klickt hei. Un Ärer Info-Demande schaffe mir direkt.
|
|