HOME DE FR LU
   
 
 

E Réckbleck op méi wéi 50 beweegt Joeren.

Keen anere wéi de Mathias Josef Leufgen huet dat halleft Joerhonnert vun eiser Firmegeschicht geprägt. Bis kuerz viru sengem Dout war hien als Senoirchef onermiddlech a senger Entreprise am Gaang. Säin Engagement huet d’Joeren nom Krich an déi vum Opbau an eiser Entreprise geprägt.

D’Chronik am Zäitraffer erzielt déi wichtegst Etappe vun eiser Entreprise.

Chrëschtdag  1965
De Mathias Leufgen mat sengen aacht Jongen
Fënnef vun hinne schaffen an der Entreprise vum Papp.


D’Geschenk fir d’50 järegt Bestoen.

E Sachs-Moto erënnert un
d’ Ufäng an un déi éischt grouss Mobil- Investitioun.

20. Abrëll 1950       
De Mathias LEUFGEN (gebuer den 10. August 1927) ass mam Velo op säin éischte Schantje gefuer an zwar fir den neibau vun enger Kelebunn fir de Philippe COLONERUS zu Schönberg.

Bis zum Joer 1952 hat de M.J. LEUFGEN aleng als Selbsstännege geschafft.

Am Laf vum Joer 1952 hate sech de Johann KELLER (TRENGE) an de Michel BAURES him als selbsstänneg Mataarbechter ugeschloss, also op RECHNUNG mat him geschafft.

Den 1. Oktober 1956 sinn déi zwee éischt Mataarbechter agestallt ginn, nämlech de Mathias PLATTES an den Nikolaus NOBER:
Bis zu dësem Zäitpunkt ass nach alles mam Velo erledegt ginn.

Am Laf vum Joer 1956 ass dann den éischte groussen Investissement gemaach ginn, de
Kaf vum Moto Mark SACHS vun 98cm3.Fir d’50 Joer Feier vun der Firma LEUFGEN, war extra e Modell  gesicht an ugeschaaft ginn(ze besichtegen an engem Bureauhaus).

D’Joer 1962 war ënner anerem wahrscheinlech eent oder souguer dat wichtegst Joer an der Geschicht vun der Firme LEUFGEN.
Den éischte grousse Schantjen am Groussherzogtum Lëtzebuerg an zwar zu KLENGBETTEN  op der Millen bei der demoleger Firma ALCOVIT-PROTECTOR, ass ugefaang ginn.

Den 1. Februar 1964 ass den éischten Employé agestallt ginn, de Michel KELLER huet bis zum 31.12.00 (bal 37 Joer) als Comptabel, geschafft.

Am Joer 1965 ass den éischte Pliesterer, den Erich PEIFFER aus Bütgenbach, agestallt ginn.

Am Joer 1971 ass en neien Département opgemaach ginn. Den éischten Daachschräiner ass an eis Firma komm. Et war de Johann OLY aus Auel /Buerg- Reuland.

Am Joer 1972 ass d’Equipe zousäztlech verstärkt gi mam éischte Leeëndecker, den Erich KOHNEN aus Lascheid an den éischte Plätterchersleër, den Anton ZEYEN aus Schönberg.

Am Joer 1975 huet den éischte Bankschräiner seng Karriere bei der Firma ugefaang. Et war de Bernd SPODEN aus Montenau.

Den 3. Dezember 1988 ass d“JM LEUFGEN AG“ Aktiegesellschaft gegrennt ginn.
Bis zu dësem Zäitpunkt ass d’ganz Aarbecht op den Numm vun der Privatpersoun  Mathias Josef LEUFGEN, gelaf.

Den 30. Juli 1993 war d’Eröffnungsfeier an der nei eriichter Lager- a Produktiounshal vun 4000 m2.

Den 20. Dezember 1996 ass an dat neit Bureaushaus op der Stroossesäit géintiwwer, era geplennert ginn.Dat ass d’Bleialfer Strooss 25.

Den 5. Abrëll 2001 ass de Firmegrënner Mathias-Josef LEUFGEN am Alter vu bal 73 Joer, gestuerwen.


Eréischt no 46 Joer konnt d’Administratioun an en egent Gebai ra plenneren.

D’Direktioun, d’Planer,d’Comptabilitéit an d’Terminprogramatioun sinn hei ënnerbruecht.
Méi Biller aus der gudder aller Zäit aus eiser Billergalerie.


 
Déi neisten Aktualiséierungen
Hei fannt Dir eng Iwwersicht vun den leschten Ännerungen op eiser Website
méi dovun...


Schwätzt mat Zäiten mat eis...
wann Dir eis Déngschtleeschtungen erfuedere wëllt
méi dovun...

Günther Leufgen,

Président vun der Konföderatioun Baufach am Bezirk Verviers (2003-2006).


Déi bescht Biller vum Gebuertsdag 2000
méi dovun...


Mam éischten Hunnenkreesch erwächt ganz Schönberg
méi dovun...

 
 
Um Schantjen därf och gelaacht ginn
méi dovun...
 
 

top 

home | de | fr | lu
dir wëllt | iwwereis | bauprojeten | equipe | contact | links
impressum | agb | dateschutz | domains