|
|
Mam éischten Hunnenkreesch erwächt ganz Schönberg
| |
Iwwersiicht |
|
Mam éischten Hunnekreesch erwàcht ganz Schönberg
Net
nëmmen den Hunn ass doru schold: An aller Härgottsfréi komme vu lénks a
riets wäirout Camionetten a Richtung Bleialfer Strooss, Lo ass et
riwwer mat der Rou am Duerf.
D’Leufgen-Paart mécht hir Dieren op. Säit 5 Auer moies schéngt am Chefbureau schon d’Luucht.Hie wëllt moies den Éischte sinn.
„Da schafft et sech am Beschten“-No senger Devise si bei Leufgens all Mataarbechter Fréiopstoer.

Wat
eng Hektik virum Administratiounsgebai. Liwwerschäiner a lescht
Uweisunge musse prett sinn. E Rotschlag vum Chef oder vum Projetsleeder
muss nach mat, am Lager gëtt séier Material opgelueden, séier nach
getankt, de Vergaser regléiert, déi läscht Abenteuer vum Dag virdrun
erzielt an,an......fort geet et op en Tour vu ville Stonnen op de
Schantjen. A rem zitt eng wäirout Kolonn duerch dat nach hallef
verschlofent Duerf an Direktioun Lëtzebuerg.
... d’Administratiounsleit kënnen opootmen.Zäit fir e Patt oder eng Kaffispaus.
D’Duerf huet seng Rou...
...géint 6 Auer owes kommen déi Éischt nees heem.
zur Billergalerie : Momentopnamen am fréie Moien
Mini – Video: Vu fënnef bis sechs am Zäitraffer
|
|
|