|
|
Schwätzt mat Zäiten mat eis...
| |
Iwwersiicht |
|
Dir hutt wëlles ze bauen.Schwätzt mat Zäit mat eis, well
d’Planungsphase méi Zàit brauchen,wéi ee mengt.Den Zäitoflaf vun enger
Planungsphas fir e kompletten Ëmbau kéint esou ausgesinn :
1. D’Opstelle vun der Dimensioun vum Gebai
dat schon do ass: - d’Moosse vun der Bausubstanz op der Plaz - d’Zeechne vun der Dimensioun
|
ca. 1 Mount
|
2. d’Opstelle vun engem Pré- Projet duerch den Architeckt:
|
ca. 1 Mount |
| 3. d’Opstelle vun enger detailléierter Offer: |
ca. 1 Mount |
4. d’Areeche vun der Baugenemegung
|
ca. 2 Mount |
5. Op Wonsch kann en Innenarchiteckt mat an d’Plangen
abezu ginn - Elektro-, Sanitär an Heizungsplangen - Miwwelariichtung - d’Plange vum Liicht - ...
|
ca. 1 Mount |
| 6. Nodeems d’Baugenemegung ukomm ass, kann da mat denArbechten ugefaang ginn | Vue
datt mir Iech e Full-Service bidden, dat heescht eng detailléiert
Planung vun Ärem neien Heem, vum statesch gepréifte Fundament bis zu
Ärer individuell ugefäerdegter Miwwelariichtung, kann also
d’Planungsphas vum
Bau en halleft Joer an Usproch huelen.
Dofir ass et wichteg, datt Dir Iech mat Zäit mellt, fir des Planungsetappe
perfekt an Ären Zäitplang z’integréieren.
|
|
|